Aktualitéiten |
Demnächst, bei sonnegen Temperaturen, Klangschuelereesen an der Natur.

Wee sinn ech ... |

Mäin Numm ass Natacha Geisbusch.
1975 gebuer, mat lëtzebuergeschen Originen, war ech schonn ëmmer op engem Wee vu perséinlecher Entwécklung. Fascinéiert vun der Schéinheet an der Heelkraaft vun der Natur, sinn ech haut spezialiséiert am holisteschen, alternative Gesondheetswiesen.
Dank de primordiale Kenntnisser vun eise Vierfahren, déi zënter Joordausenden existéieren, begleeden ech d'Leit am Prozess vun der Aktivatioun vun hiere Selbstheelungskräften an der Reconnexioun mat hierem Moi-Supérieur.
D'Relatioun mam Client dierf individuell sinn, well jiddereen huet aner Besoin'en a Perceptiounen. Et ass essentiell fir mech dass mäi Client sech wuelfillt, am Vertrauen an a Sécherheet.
D'Léift, d'Bienveillance, de Respekt an d'Empathie sinn d'Seilen, op deene meng Dankbarkeet berout, am Déngscht vun der Mënschheet wierken ze kënnen.
Ënnert der Form vun Energiemassagen an déifer Entspanung schaffen ech op deenen dräi Niveau'en: Kierper, Geescht a Séil.
Essentiell a menger Aarbecht ass meng Begleedung zur Perséinlechkeets-Entwécklung an zur Stäerkung fir de Wee zu sech selwer ze fannen.
Zousätzlech benotzen ech Therapien un der Spëtzt vun der alternativer Behandlungskonscht, wéi z.B. den Orgon-Strahler (Bio-Energie) vum Wilhelm Reich ("Wer heilt hat recht"). Dës Behandlung agéiert op allen Niveau'e vum Kierper: psychesch, physesch, geeschteg, emotionell an organesch.
Eng aner Method déi ech ubidden ass d'Klangschuelen-Therapie. Déi tibetesch Klangschuelen an hier helleg Kläng a Vibratiounen erlaben eng Rees ausserhalb vun Zäit a Raum.
Servicer
- eng personaliséiert Begleedung (Mentoring) zur Perséinlechkeets-Entwécklung a Weiderwuestum
- Heelung vun Allergien an Intoleranzen duerch Orgon-Therapie
- Energetesch Soin'en
- Déifen-Entspanungsmassagen a klassesch Massagen
- Lymph-Drainage
- Meditatioun
- Klangschuelen-Therapie (Vapa Kaìa) no der "Académie Sonore" vum François Schneeberger
- Klangreese fir Erwuessener a Kanner (z.B. an de Schoulen)
- Breathwork
- "Les cinq blessures de l'âme" nom Lise Bourbeau
- Déi 5 biologesch Naturgesetzer laut Dr. Hamer
- Human Design
Meng Begleedung ass fir Mënschen déi bereed sinn, sech hieren Erausfuerderungen am Liewen ze stellen, déi de Ruff héieren, hierem Séileplang no ze goen. Mënschen, déi prett sinn, endlech "jo" zu sech selwer ze soen.
Mir gi kucke wou d'Menacen an Dengem System sinn, déi Dech ëmmer erëm an de "Kampf oder Flucht" Modus setzen. Resonnéiers Du mat dëse Wierder, wëlls Du mat mir zesummen an d'Déift goen / an Deng Kraaft komme fir Däi Liicht an dës Welt strahlen ze loossen?
Dann zéck net a mell Dech!
![]() |
Orgon-Therapie
D'Orgon-Therapie nom Wilhelm Reich erlaabt eng Behandlungsméiglechkeet op allen Ebene vum Kierper: physesch, psychesch, mental, emotional an organesch. Hei drënner e puer Beispiller vun Uwendungen. Detox an Ausleedungen:
Opbaue vum Immunsystem bei Allergien an Intoleranzen:
Verschidde méiglech Therapien:
|
Remarque: Bei dësen alternative Methoden, déi nëmmen esou wäit wierke kënne wéi de Mënsch an d'Séil prett sinn, distanzéieren ech mech vun all Heelverspriechen.
Kontakt
Fir e Rendez-Vous ze froen, kanns De mech kontaktéieren
|
D'Consultatioune fannen deels zu Beefort, an deels zu Gonnereng statt. Déi genau Adress kriss De matgedeelt wann s De e Rendez-Vous ufrees.