LU
FR
DE
EN
Natacha Geisbusch
Natacha Geisbusch
Léift, Liicht a Magie machen Dieren op zum Monde Divin

Aktualitéiten

 
Hëllef bei Problemer
no "der Sprëtz"
Soul Magic Woman
(Flyer)

Wee sinn ech ...

Portrait

Mäin Numm ass Natacha Geisbusch.
1975 gebuer, mat lëtzebuergeschen Originen, war ech schonn ëmmer op engem Wee vu perséinlecher Entwécklung. Fascinéiert vun der Schéinheet an der Heelkraaft vun der Natur, sinn ech haut spezialiséiert am holisteschen, alternative Gesondheetswiesen.

Dank de primordiale Kenntnisser vun eise Vierfahren, déi zënter Joordausenden existéieren, begleeden ech d'Leit am Prozess vun der Aktivatioun vun hiere Selbstheelungskräften an der Reconnexioun mat hierem Moi-Supérieur.

D'Relatioun mam Client dierf individuell sinn, well jiddereen huet aner Besoin'en a Perceptiounen. Et ass essentiell fir mech dass mäi Client sech wuelfillt, am Vertrauen an a Sécherheet.

D'Léift, d'Bienveillance, de Respekt an d'Empathie sinn d'Seilen, op deene meng Dankbarkeet berout, am Déngscht vun der Mënschheet wierken ze kënnen.

Ënnert der Form vun Energiemassagen an déifer Entspanung schaffen ech op deenen dräi Niveau'en: Kierper, Geescht a Séil.

Ech proposéire mech als Kanal tëschend dem Ciel Divin an der Terre-Mère. Et ass duerch dëse Kanal an d'Verbindung mat der Séil wou den Heelungsprozess an de Kierper fléissen dierf. Un de Client geriichten himmlesch Botschafte kënnen op déi Manéier iwwermëttelt ginn.

Zousätzlech benotzen ech Therapien un der Spëtzt vun der alternativer Behandlungskonscht, wéi z.B. den Orgon-Strahler (Bio-Energie) vum Wilhelm Reich ("Wer heilt hat recht"). Dës Behandlung agéiert op allen Niveau'e vum Kierper: psychesch, physesch, geeschteg, emotionell an organesch.

Eng aner Method déi ech ubidden ass d'Klangschuelen-Therapie. Déi tibetesch Klangschuelen an hier helleg Kläng a Vibratiounen erlaben eng Rees ausserhalb vun Zäit a Raum.

Servicer

Vum Kand bis zum drëtten Alter - meng Servicer riichten sech un all Mënsch.

Am Fall vun :
  • physeschen oder psychesche Problemer
  • Burn-Out
  • Depressiounen
  • engem Desequiliber vun den Energie-Zentren
  • Verloscht vun der Verbindung mam Moi-Supérieur
  • Desaktivatioun vun der Selbst-Heelung
  • Vergëftung vu Kierper, Geescht a Séil
bidden ech Iech :
  • Bien-Être
  • eng alternativ Behandlungs-Method
  • eng individuell a personnaliséiert Begleedung
  • d'Wertschätzung vum Mënsch
  • Erwäche vum Bewosstsäin
  • Stäerkung vum Selbstvertrauen
  • e Gespréich iwwert déi während der Behandlung gemaachen Erfahrungen an e perséinleche Suivi
  • Bewosstmaachen a Transformatioun vun aschränkende Glawenssätz
  • Zirkulatioun vum Qi
  • Harmonisatioun vun de Chakren
  • d'Aktivatioun vun Äere Selbst-Heelungskräften
duerch den Asaz vu variéierte Methoden :
  • Soins énergétiques
  • Déifen-Entspanungsmassagen
  • klassesch Massagen
  • Lymph-Drainage
  • Aromatherapie
  • Meditatioun
  • "Trance Healing" a "Colour Healing" nom Birgit Fischer
  • Klangschuelen-Therapie (Vapa Kaìa) no der "Académie Sonore" vum François Schneeberger
  • Orgon-Therapie (Medea 7) nom Wilhelm Reich (bei Allergien oder Liewensmëttel-Intoleranzen, fir Detox, d'Immunsystem ze stäerken, asw.)
  • Klangreese fir Erwuessener a Kanner (z.B. an de Schoulen)
  • Breathwork
  • "Les cinq blessures de l'âme" nom Lise Bourbeau
Remarque: Bei dësen alternative Methoden, déi nëmmen esou wäit wierke kënne wéi de Mënsch an d'Séil prett sinn, distanzéieren ech mech vun all Heelverspriechen.

 

Kontakt

Fir e Rendez-Vous ze froe kennt Der mech kontaktéieren
  • via Telefon:
    +352 691 21 31 91

  • via Email:
    info-contactmail.entre‑ciel‑et‑terre

D'Consultatioune fannen zu Tënte statt. Déi genau Adress kritt Der matgedeelt wann Der e Rendez-Vous ufrot.

Map Map
LU FR DE EN
Web Design Copyright © 2023 by Joël François